Parascolaire
Nieft der Schoul: Maison Relais, Sport, Konscht an d’Bibliothéik.
Maison Relais (Inter-Actions)
Maison Relais Nic Welter (Cyclen 1 & 2, bis 300 Kanner) — Mé–Fr 7:00–19:00
Responsable: Nathalie Diedenhofen · Leedungsekipp: Raquel Teixeira, Lynn Leick
14, place de l’Église, L-7533 Mersch · 32 50 23-420 · nicwelter@inter-actions.lu
Maison Relais Krounebierg (Cyclen 3 & 4, bis 310 Kanner) — Mé–Fr 7:00–19:00
Responsable: Laura Victoire · Leedungsekipp: Loris Alves, Millie Fautsch
11, rue de la Piscine, L-7572 Mersch · 32 50 23-450 · krounebierg@inter-actions.lu
Sport — LASEP & Fit Kanner
LASEP — d’Lëtzebuerger Associatioun fir Schoulsport bitt gratis Beweegungscoursen no der Schoul (Sportshal Krounebierg, ab 23.09): Précoce+C1 Dënschdes · C2 Dënschdes · C3+4 Mëttwochs · lasep@ecole-mersch.lu
Fit Kanner Miersch fërdert d’Beweegung an d’motoresch Entwécklung vu Kanner vun 3 bis 12 Joer. An iwwer 25 Coursë pro Woch — Schwammen, Danz, Gymnastik, Trampolin, Ballsportaarten a méi — léieren d’Kanner spilleresch nei Sportaarten kennen, dacks a Kooperatioun mat de lokale Veräiner (FC Marisca, Handball Club 75, Black Star Mersch, Dëschtennis Recken, Judo@Miersch, Tennis Club Mersch). Steve Fischbach · 691 854 372 · fitkanner@mersch.lu · www.fitkannermiersch.lu
Art à l’école
Am Art à l’école entdecken d’Kanner no der Schoul hir kreativ Säit: molen, zeechnen, bastelen a gestalten — a Rou an ouni Drock. Ënner der Begleedung vun de Konschtléiererinnen Cathy Etgen a Linda Lugen kann all Kand seng eege Iddie ausprobéieren an ëmsetzen.
Dënschdes & Donneschdes 14:00–15:50 (ab 16.09) · École Cécile Ries (Krounebierg), Sous-sol partie bleue · art@ecole-mersch.lu
Mierscher Lieshaus (Bibliothéik)
D’Mierscher Lieshaus ass méi wéi eng Bibliothéik — et ass e Treffpunkt fir Liesen, Virliesungen an Ausstellungen. Et befënnt sech elo an der renovéierter Villa Faber, zesumme mam Gemengenarchiv an de Geschichtsfrënn. D’Kanner fannen hei Bicher, Geschichten, Hausaufgabenhëllef, souwéi Computeren a gratis WiFi — d’Memberskaart ass gratis.
Villa Faber · 7, rue des Prés, L-7561 Mersch · 32 50 23-550 · www.mierscher-lieshaus.lu
