Inscriptions

Aschreiwung fir de Cycle 1 — Précoce (Fréierzéiung). Hei fannt dir alles Wichtegt op ee Bléck.

Wien ka sech aschreiwen?

Kanner déi 3 Joer al ginn (3 Joer bis den 1. September) kënne sech an d’Fréierzéiung aschreiwen. D’Fréierzéiung ass fräiwëlleg — mä wann d’Kand ageschriwwen ass, musse d’Elteren eng regelméisseg Präsenz assuréieren.

Delai an Horaire-Wiel

D’Aschreiwung muss virum 1. Abrëll fir d’nächst Schouljoer gemaach ginn. Bis dohin kënnen d’Famillje fräi wielen:

  • Deelzäit: 5 Moiessen d’Woch
  • Vollzäit: 5 Moiessen + 3 Nomëtteger (Mé·Më·Fr)

No dem 1. Abrëll deelt d’pädagogescht Team d’Horairen an, fir d’Gläichgewiicht vun de Klassen ze halen.

Horairen

SchoulMoiesNomëtteg (Mé·Më·Fr)
École Jean Majerus08:00–11:4514:00–16:00
École Nic Welter07:50–11:3513:55–15:55

Site'en & Transport

D’Précoce-Klassen sinn op 2 Site’en: École Jean Majerus an École Nic Welter. D’Verdeelung vun de Kanner geschitt per Zoufall. E Schoulbus ass disponibel — d’Horairen stinn am Mierscher Schoulbuet an online.

Kontakt

Schoulservice vun der Gemeng:
André Hippertchen · 32 50 23-210 · andre.hippertchen@mersch.lu
Sarah Reuter · 32 50 23-228 · sarah.reuter@mersch.lu

Coordinatioun Précoce: Carole Ferron