Pädagogesch Projeten
Eis Schoul setzt op innovativ pädagogesch Projeten, fir all Kand beschtméiglech ze begleeden a ze fërderen.
ALPHA – zesumme wuessen
Mam Projet ALPHA – zesumme wuessen kréien d’Elteren d’Wiel, ob hiert Kand am Cycle 2.1 op Franséisch oder op Däitsch alphabetiséiert gëtt — an enger Sprooch déi no bei der Familljesprooch läit. D’zweet Sprooch kënnt Schrëtt fir Schrëtt dobäi; vum Cycle 4 un sinn d’Kanner aus béide Filièren nees zesummen. De Projet baséiert op wëssenschaftlechen Erkenntnisser: d’Kanner entwéckele besser Kompetenzen, wa se an enger vertrauter Sprooch liese a schreiwe léieren. Zu Miersch leeft ALPHA 2026/27 am Cycle 1.2; déi éischt Alphabetiséierung op FR/DE start am Cycle 2.1 am Joer 2027/28.
Méi Infoen: alpha.script.lu
Vertrauensléierin – „Léiwenhöl“
An der « Léiwenhöl » — engem gemittleche Sall am Nic-Welter-Gebai — treffen d’Kanner vum Cycle 2 op hir Vertrauensléierin. Hei kënne si an enger Atmosphär vu Gebuergenheet iwwer dat schwätzen wat si beschäftegt. D’Zil ass, d’Kanner sozial-emotional ze stäerken, sou datt si gestäerkt aus schwieregen Situatiounen erausginn a sech selwer hëllefe léieren. Geschafft gëtt mat Billerbicher, Geschichten, Rollespiller a kreativen Aktivitéiten. Vertrauensléierinnen: Fränz Neu an Annick Goffinet.
Fuerscherhaus
Am Fuerscherhaus entdecken d’Kanner d’Welt vun der Wëssenschaft an der Fuerschung op eng spilleresch, experimentell Aart a Weis. An engem eegene Labo-Sall maache si Experimenter, beobachten a probéieren aus — a léieren esou d’Naturwëssenschaften kennen. Team: Thibault Botman, Serge Braun, Martine Goedert, David Mannes, Cassy Pranzetti.
Cours d'accueil
D’Cours d’accueil begleeden nei ukomm Kanner, déi nach kee Lëtzebuergesch, Däitsch oder Franséisch schwätzen, bei hirer Integratioun. Si kréien eng gezielt sproochlech Ënnerstëtzung, fir sech esou séier wéi méiglech an der Klass anzeliewen. Team: Martine Hansen, Jeanne Hurt, Claudine Rosch.
