Besuch vu Blëtz asbl am Cycle 4

Chantal Keller vun der Blëtz asbl war am Cycle 4 (Klass Napoli-Schaus) op Besuch fir eng Präsentatioun zum Thema „Wat ass een Hiereschlag?“.

Placeholder
Placeholder
Placeholder

D’Blëtz asbl setzt sech fir d’Sensibiliséierung an d’Ënnerstëtzung ronderëm den Hiereschlag (AVC) an. Op eng kandgerecht Manéier hunn d’Schüler geléiert, wat bei engem Hiereschlag am Kierper geschitt, wéi ee reagéiere kann a firwat séier Hëllef esou wichteg ass.

De Besuch hat eng besonnesch Bedeitung fir d’Klass: hire Matschüler Noah huet e puer Deeg no senger Gebuert en Hiereschlag (AVC) matgemaach. Dofir war d’Thema fir d’Kanner ganz no an d’Präsentatioun besonnesch wäertvoll.

E Merci un d’Blëtz asbl fir dëse léierräiche a wäertvolle Besuch!

Leave a Comment

Your email address will not be published. Required fields are marked *