Schoul

Miersch

Eng Schoul am Häerz vum Land.

Grondschoul Miersch · Précoce bis Cycle 4 · 5 Schoulgebaier

Aktuelles aus der Schoul

dsc 7538

Bëschklass

Eng vun de wéinege Bëschklassen am Land — an eng vun den éischten zu Miersch. D'Kanner verbréngen de Moie bausse am Bësch: si léieren duerch entdecken, beweegen a matenee schaffen, bei all Wieder.
elcheroth orientéierung

Fuerscherhaus

Am Fuerscherhaus gëtt gefuerscht, experimentéiert an entdeckt. D'Kanner stellen Froen, probéieren aus a fannen hir eegen Äntwerten — Naturwëssenschaften zum Ufaassen a Matmaachen.
informatik medien

Informatik & Medien

Programméieren, bauen an erzielen: mir maache bei der FIRST LEGO League mat, modelléieren an drécken eegen Objeten an 3D, a produzéieren eise Schoulpodcast. D'Kanner léieren d'digital Welt kreativ a kritesch ze notzen.

Aktuellt aus der Schoul

BËSCHSPILLSCHOUL

Eng vun de wéinege Bëschklassen am Land — an eng vun den éischten zu Miersch. Moies dobaussen, wou de Bësch d'Klassesall gëtt: klammen, bauen, kucken, froen. Nomëttes dobannen, wou dat Erliefte Form kritt. Dräi ausgebilte Bëschpedagoginnen begleeden d'Kanner — zanter véier Joer, mat engem Konzept, dat méi ass wéi en Ausfluch. Entdeckt hei d'Gedanken dohannert.
pranzetti molen am bësch cmyk