Aschreiwung fir de Cycle 1 — Précoce (Fréierzéiung). Hei fannt dir alles Wichtegt op ee Bléck.
Kanner déi 3 Joer al ginn (3 Joer bis den 1. September) kënne sech an d’Fréierzéiung aschreiwen. D’Fréierzéiung ass fräiwëlleg — mä wann d’Kand ageschriwwen ass, musse d’Elteren eng regelméisseg Präsenz assuréieren.
D’Aschreiwung muss virum 1. Abrëll fir d’nächst Schouljoer gemaach ginn. Bis dohin kënnen d’Famillje fräi wielen:
No dem 1. Abrëll deelt d’pädagogescht Team d’Horairen an, fir d’Gläichgewiicht vun de Klassen ze halen.
| Schoul | Moies | Nomëtteg (Mé·Më·Fr) |
|---|---|---|
| École Jean Majerus | 08:00–11:45 | 14:00–16:00 |
| École Nic Welter | 07:50–11:35 | 13:55–15:55 |
D’Précoce-Klassen sinn op 2 Site’en: École Jean Majerus an École Nic Welter. D’Verdeelung vun de Kanner geschitt per Zoufall. E Schoulbus ass disponibel — d’Horairen stinn am Mierscher Schoulbuet an online.
Schoulservice vun der Gemeng:
André Hippertchen · 32 50 23-210 · andre.hippertchen@mersch.lu
Sarah Reuter · 32 50 23-228 · sarah.reuter@mersch.lu
Coordinatioun Précoce: Carole Ferron